Ministère fir Héichschoul a Fuerschung // D’Lëtzebuerger Regierung
Attributiounen
Den Héichschoul- a Fuerschungsministère (MESR) ass verantwortlech fir d'Organisatioun vun der Héichschoullandschaft zu Lëtzebuerg. An dësem Kontext huet hien d'Tutelle iwwer d'Uni Lëtzebuerg an en ass zoustänneg fir d'Akkreditatioun souwuel vun de BTS-Programmer (brevet de technicien supérieur) wéi vun den auslänneschen Héichschoulinstitutiounen, déi sech zu Lëtzebuerg niddergelooss hunn, an de Programmer, déi dës Institutiounen ubidden.