Eng Exit-Strategie encadréiert vu sanitäre Mesuren a Fuerschung

Am Kader vu senger Exit-Strategie, kann déi Lëtzebuerger Regierung sech op d'Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Fuerschung verloossen, besonnesch der Task Force COVID-19 vu Research Luxembourg. An direkter Zesummenaarbecht mam Ministère fir Héichschoul a Fuerschung an dem Gesondheetsministère, huet d'Task Force COVID-19 eng "grouss ugeluechten Teststrategie" entwéckelt, baséierend op engem fräiwëllegen Teste vun der gesamter Populatioun, inklusiv de Grenzgänger aus der Groussregioun. Dëst erméiglecht Lëtzebuerg d'Ophiewe vun de Restriktiounen vum Confinement besser an a voller Kenntnis vun der Situatioun ze begleeden. Jee méi Mënsche matmaachen, desto méi Schutz bedeit dëst fir déi ganz Bevëlkerung.

"Opgrond vun der Gréisst vu Lëtzebuerg a senger Awunnerzuel, bitt sech eis eng eemoleg Méiglechkeet: Mir kënne bannent kuerzer Zäit déi komplett Populatioun schrëttweis op deen neie Coronavirus teste loossen. Esou kréie mir als éischt Land weltwäit de kompletten Iwwerbléck iwwert d'Unzuel vun infizéierte Bierger", sou de Minister fir Héichschoul a Fuerschung Claude Meisch. Dës Demarche ziilt dorop hin, d'Zäit vum Confinement ze verkierzen a psychologesch, ekonomesch a sozial Problemer ze reduzéieren.

D'Haaptzil ass et eng zweet Well un infizéierte Persounen am Kader vum Deconfinement z'evitéieren an esou och e neie Confinement ze verhënneren.

8.500 Tester dës Woch fir Schüler a Léierpersonal , 20.000 Tester pro Dag an enger spéiderer Phas

Déi éischt Tester sinn nach dës Woch virgesinn: ongeféier 6.000 Ofschlossklassen aus dem Secondaire an 2.500 Enseignanten hunn d'Méiglechkeet sech testen ze loossen, ier se ab dem 4. Mee nees zeréck an d'Schoule ginn. Si wäerte mat engem Schreiwes doriwwer informéiert ginn. D'Tester ginn op fräiwëlleger Basis duerchgefouert: All Mënsch kann sech teste loossen, mee et ass een net dozou verflicht.

D'Strategie vum Teste gesäit den Ausbau vun de Kapazitéiten op 20.000 Tester pro Dag vir. Zil ass et, datt déi komplett Bevëlkerung getest ka ginn, deels souguer e puer Mol.

D'Infektiounsketten ënnerbriechen

Déi héich Unzuel vun duerchgefouerten Tester wäert eis hëllefen d'Envergure vun der Verbreedung vum Virus z'evaluéieren an déi éischte Kéier déi asymptomatesch Fäll ze detektéieren, déi, laut aktuelle Schätzungen, bis zu 80% vun de Fäll ausmaachen. Dëst bedeit, datt mir eng vill méi grouss Unzuel un infizéierte Persounen detektéiere kënne wéi nach virdrun, dës dann ze isoléieren an hir Kontakter ze retracéieren an esou d'Infektiounsketten z'ënnerbriechen", erkläert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. "Vu datt de Schutz méi grouss ass, jee méi Leit sech teste loossen, encouragéiere mir all d'Bierger un dëser eenzegaarteger Mesure fir d'allgemeng Gesondheet deelzehuelen", sou d'Gesondheetsministesch weider. ​

An de nächsten Deeg a Wochen wäerte bis zu 17 Teststatiounen am Land opgeriicht ginn, wou d'Bierger, mee och d'Frontalieren, sech teste loosse kënnen.

"Mir si frou datt d'Regierung der Lëtzebuerger Fuerschung vertraut, fir si an dëser historescher Phas z'ënnerstëtzen. ​ D'Zil ass et, d'Ausbreedung vum Virus effizient ze begleeden an allzäit ënner Kontroll ze behalen", seet den Ulf Nehrbass, Spriecher vun der COVID-19 Task Force a Generaldirekter vum Luxembourg Institute of Health (LIH).

D'Kärelementer vun der grouss ugeluechter Teststrategie

Tester an Andeelung vun der Bevëlkerung a Contingenten

D'Teststrategie vu Research Luxembourg baséiert op grouss ugeluechte Virus-Tester, bei deenen d'Populatioun net als Ganzt betruecht gëtt, mee a verschidde Contingenten ënnerdeelt gëtt. D'Tester pro Contingent verlafen an 3 Etappen:

  • Etapp 1: eng representativ Populatioun vun engem Contingent gëtt getest. D'Resultater vun dësen Tester ginn eng Indikatioun, wéini de Contingent vu Beschränkunge befreit ka ginn a wéini e groussflächeg getest soll ginn.
  • Etapp 2: All Persoune vum Contingent gi gebieden, sech op fräiwëlleger Basis testen ze loossen.
  • Etapp 3: Eng representativ Grupp gëtt kuerz no den Deconfinementsmesuren erausgesicht, fir eng zweete Kéier getest ze ginn. Dëst erméiglecht ze kontrolléieren ob an op wéi eng Aart a Weis de Virus sech bannent dem Contingent verbreet.

Fir déi negativ geteste Persounen, ginn d'Restriktioune vum Confinement opgehuewen. Déi positiv geteste Persoune mussen isoléiert ginn. Hir Kontakter gi retracéiert, getest an a Quarantän gesat, fir d'Infektiounsketten z'ënnerbriechen.

Projektioune fir d'Exit-Strategie besser ze begleeden

"D'Projektiounen, déi mir op Basis vun den Testresultater ausschaffen, droen dozou bäi, datt d'politesch Entscheeder dann hir Entscheedungen fir d'Exit-Strategie treffe kënnen an d'Moossnamen zu all Ament un d'Situatioun upasse kënnen. Wichteg Indicateure sinn, zum Beispill, d'Méiglechkeet d'Kontakter ze retracéieren an d'Kapazitéit vum Gesondheetssystem", sou de Professer Rudi Balling, Direkter vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine vun der Uni Lëtzebuerg.

D'Task Force COVID-19 ass perfekt dofir qualifizéiert. An Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère, schaffe Fuerscher, Statistiker a Medeziner all Dag zesummen, fir d'Projektiounen esou genau wéi méiglech fir Lëtzebuerg opzestellen, op Basis vun deenen d'Entscheeder dann d'Mesurë bestëmme kënnen. ​ Dëse Projet, deen am Sënn vun der ëffentlecher Gesondheet steet, erméiglecht der Fuerschung ausserdeem mëttelfristeg de Virus besser ze verstoen - dëst ass wichteg, fir gewuer ze ginn, wéi mir an Zukunft besser mam Virus kënne liewen. ​ Zudeem wäerten d'Erfarungswäerter déi elo gesammelt ginn, laangfristeg och dozou déngen, an Zukunft am Fall vun enger neier Pandemie als Land besser virbereet ze sinn.

De Wee an d'Normalitéit erliichteren

"Dat wat mir hei zu Lëtzebuerg maachen ass eenzegaarteg. Lëtzebuerg kann sou flächendeckend teste wéi keen anert Land bis elo. Dëst erméiglecht eis, de schwierege Wee aus der COVID-19-Kris hin zur Normalitéit sou kontrolléiert wéi méiglech anzeleeden. Domat ginn engersäits d'Risike miniméiert an anerersäits eng zolidd Entscheedungsbasis fir d'Regierung bereetgestallt", sou den Ulf Nehrbass ofschléissend.

Déi grouss ugeluechten Teststrategie am Iwwerbléck

Déi vun der COVID-19 Task Force entwéckelt grouss ugeluechten Teststrategie baséiert op folgende 5 Elementer:

  • D'konsequent Iwwerwaachung vu wichtege Parameter – fir d'Evolutioun vun der COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg zu all Ament z'iwwerwaachen a fir eng Basis fir Entscheedungen hisiichtlech dem Testëmfang an d'Aféiere vun Oplockerungs- oder Restriktiounsmoossnamen ze schafen;
  • D'Andeelung vun der Bevëlkerung a Contingenten;
  • Héich Testkapazitéiten: all Contingent testen, mam Zil, schrëttweis an op fräiwëlleger Basis dee gréisstméiglechen Deel vun der Bevëlkerung ze testen an uschléissend negativ geteste Persoune vun de restriktive Moossnamen ze befreien;
  • Isolatioun vu positiv geteste Persounen;
  • Effizient a séier Identifizéierung vu positiv geteste Persounen an uschléissend Quarantän-Moossnamen.

Wat ass d'COVID-19 Task Force?

Effizient Moossnamen am Kader vun der COVID-19 Pandemie fuerderen eng enk Zesummenaarbecht vu Fuerschung, Spideeler an der Lëtzebuerger Regierung. Dowéinst huet Research Luxembourg (LIH, LISER, LIST, LNS, Luxinnovation, Uni Lëtzebuerg an FNR, ënnert der Koordinatioun vum Ministère Héichschoul a Fuerschung) d'COVID-19 Task Force an d'Liewe geruff, fir déi pertient Initiativë besser duerchféieren ze kënnen. Op Basis vun enger Lëscht u Prioritéiten, déi vu Ministèren an anere Partner ausgeschafft gouf, sinn eng Rei Aarbechtsprojeten definéiert ginn, déi d'COVID-19 Task Force an de kommende Wochen a Méint beaarbechte wäert. An der Zesummenaarbecht mat der Regierung ass et der COVID-19 Task Force hir Roll, wëssenschaftlechen Input ze liwweren, fir datt d'Regierung op Basis vu Fakten un enger Exit-Strategie schaffe kann. Dofir schafft d'COVID-19 Task Force permanent un Updates betreffend der Entwécklung vun der Pandemie zu Lëtzebuerg an ënnerbreet wëssenschaftlech Konzepter a Recommandatiounen, fir datt dës an de politeschen Entscheedungsprozess mat afléisse kënnen.

Communiqué vum Gesondheetsministère / Héichschoul- a Fuerschungsministère / Research Luxembourg

 

Aktualiséiert