Allgemeng Notzungsbedéngunge (CGU) fir de Site
Jiddwereen, deen Informatiounen, Dokumenter, Produkter, Software a verschidde Servicer (zesummen d'"Servicer" genannt) benotzt, déi op dësem Site sinn, huet d'Gesamtheet vun de Begrëffer an den Hiweiser vun dësen allgemengen Notzungsbedéngunge zur Kenntnes geholl a stëmmt dësen zou.
Mat "Organ" gëtt d'ëffentlech Autoritéit, de Ministère, d'Administratioun oder all anert ëffentlecht Organ bezeechent, dat eleng oder zesumme mat anere verantwortlech ass fir dëse Site.
Dem Benotzer seng Flichten
Den Zougang zum Site kritt een iwwer Internet. De Benotzer erkläert, dass hien déi domat verbonne Risike kennt an se acceptéiert. Hie muss sech virun Internetpiraterie schützen, andeems hien eng gëeegent a sécher Computerkonfiguratioun wielt.
De Lëtzebuerger Staat kann net responsabel gemaach gi fir e Schued, deen de Benotzer op dësem Site kéint kréien, sief dat direkt oder indirekt a Verbindung mat senger Navigatioun um Site an dem Benotze vun de Servicer, sou wéi a Verbindung mat den Internetsiten, op déi um Site verwise gëtt.
D'Benotze vum Site ass gratis.
Verwaltung vun de Cookien
Dëse Site benotzt Clientscookien, kleng Textfichieren, déi et erlaben, Informatiounen zum Benotzer sengem Surfen um Site ze analyséieren (Heefegkeet vun de Visiten, Dauer vun de Visiten, ofgeruffe Säiten, etc.).
Si gi vum Site an engem Repertoire ofgeluecht, deen et zu dësem Zweck um Benotzer sengem Computer gëtt. Dran opgelëscht si virun allem den Numm vum Server, en Identifiant a Form vun enger eemoleger Nummer an en Oflafdatum. Den eemolegen Identifiant erlaabt et dem Site, de Computer vum Benotzer bei all Visite erëmzëerkennen. D'Cookië vun enger Sessioun gi vum Benotzer sengem Computer geläscht, esoubal d'Sessioun eriwwer ass. Allerdéngs bleiwen déi persistent Cookien um Benotzer sengem Computer bis 1 Mount nom Enn vun der Sessioun erhalen.
De Benotzer ka selwer decidéieren, ob en dem Server vun dësem Site d'Erlaabnes gëtt, fir Cookien op sengem Computer ze späicheren oder net. Hien huet zu all Moment d'Wiel, fir d'Optiounen a sengem Browser esou anzestellen, datt d'Cookië weder akzeptéiert nach gespäichert ginn. Ausserdeem kann en zu all Moment, iwwer de Browser, Cookië läschen, déi scho gespäichert sinn (kuckt d’Charte vun de Cookien).
D'Benotze vu verschiddene Funktionalitéite vum Site kann ageschränkt oder desaktivéiert ginn, wann de Benotzer d'Cookië vum Site refuséiert. Dem Benotzer gëtt geroden, säi Browser esou anzestellen, datt d'Cookië vum Site akzeptéiert ginn.
Ännerung vum Site
De Lëtzebuerger Staat behält sech d'Fräiheet vir, dëse Site, ouni Ukënnegung am Viraus, weiderzëentwéckelen, ze änneren oder ze spären, dëst aus Grënn wéi Maintenance, Update oder wéinst all anerem Motiv, dat néideg ass.
Et ass wichteg ervirzesträichen, datt de Lëtzebuerger Staat zu all Moment all Informatiounen oder en Deel dovun, déi op deem Site gewise ginn, gradesou wéi Servicer, déi ugebuede ginn, zeréckzéien, bäisetzen, vervollstännegen oder méi präzis duerstelle kann. De Lëtzebuerger Staat ka fir keen direkten oder indirekte Schued am Zesummenhang mat esou Ännerunge responsabel gemaach ginn.
Allgemeng Responsabilitéitsaschränkungen
De Lëtzebuerger Staat mécht säi Bescht, fir eng gréisstméiglech Verfügbarkeet vun dësem Site oprechtzëerhalen. Allerdéngs kéint de Staat net responsabel gemaach ginn, wann de Site fir eng Zäit oder ganz géif ausfalen.
De Lëtzebuerger Staat suergt fir déi beschtméiglech Sécherheet vum Computersystem. Allerdéngs kéint de Staat am Fall vun Attacken op de Computersystem oder am Fall vun zäitweilegem oder ganzem Ausfall vum Site net responsabel gemaach ginn.
De Lëtzebuerger Staat suergt dofir, datt d'Daten op dësem Site, déi an de sozialen Netzwierker verëffentlecht ginn, esou exakt wéi méiglech sinn. Am Fall wou en Update vun enger Informatioun oder engem Formulaire net gemaach gouf, am Fall wou et Feeler am Ëmgang mam System oder mat der Verschlësselung gëtt, Ongenauegkeeten oder Lacunnen an de gewisenen Informatiounen oder eventuell Iertemer, kéint de Staat awer net responsabel gemaach ginn. Effektiv ass d'Zil, fir richteg an aktuell Informatiounen aus verschiddene Quellen ze verbreeden, mee de Lëtzebuerger Staat kéint awer net all Risiko fir en inhaltleche Feeler vermeiden. Keng vun den Informatiounen, déi op dësem Site verëffentlecht ginn, gëtt sech den Usproch, vollstänneg ze sinn, oder stellt en Engagement vum Lëtzebuerger Staat duer. D'Verbreedung an d'Iwwersetzungen dovun dénge just fir Informatiounszwecker. Verbindlech si just d'Gesetzestexter, déi am Memorial (Journal Officiel du Grand-Duché de Luxembourg) verëffentlecht ginn. D'Informatiounen op dësem Site hunn en allgemenge Charakter. D'Informatioune si kenge perséinlechen oder spezifeschen Ëmstänn ugepasst a kënnen deemno net als perséinlech, berufflech oder juristesch Rotschléi fir de Benotzer ugesi ginn. Wann de Benotzer perséinlech oder spezifesch Rotschléi brauch, muss en ëmmer déi kompetent Servicer vun de verschiddenen Administratiounen zu Rot zéien.
Responsabilitéitsaschränkungen vum Site
Dëse Site ass ausdrécklech net responsabel fir all direkt an indirekt Konsequenzen ewéi:
- E Kompatibilitéitsfeeler tëschent dem offréierte Service an den Equipementer, den Applikatiounen, de Prozeduren oder Infrastrukture vum User oder vun Drëttpersounen;
- Eng Sécherheetsschwaachstell, déi vum User oder enger Drëttpersoun kënnt an, méi allgemeng, all Sécherheetsschwaachstell, déi net direkt dësem Site kann zougeschriwwe ginn;
- Konsequenze vu Feeler an/oder Bedruch, begaange vum User oder enger Drëttpersoun;
- En eventuelle Mangel u Verfügbarkeet oder e schlechte Fonctionnement vun de Systemer oder vun den elektronesche Kommunikatiounsnetzwierker.
Linken op extern Siten
Am Sënn vum Benotzer sinn op dësem Site Linken op aner Siten ze fannen, déi nëtzlech kéinte fir e sinn oder e kéinten interesséieren. De Lëtzebuerger Staat a besonnesch dat verantwortlecht Organ kontrolléieren net systematesch den Inhalt vun dëse Siten. Deemno kéinten se net responsabel fir d'Inhalter vun dësen Internetsite gemaach ginn, sief et um Niveau vun hirer Legalitéit oder der Richtegkeet vun den Informatiounen, déi een do fënnt.
Geeschtegt Eegentum
De Site, all seng Elementer (dorënner och de Layout) an och d'Informatiounen an d'Servicer sinn iwwer d'Gesetzer zum intellektuelle Besëtz an zu den Auteursrechter geschützt.
Souwäit net anescht uginn, accordéiert de Lëtzebuerger Staat keng Lizenz oder Geneemegung a Bezuch op geeschteg Eegentumsrechter, déi hien op dëst Portal, seng Komponenten oder Servicer huet.
Textdokumenter
Souwäit net anescht uginn, ass de Benotzer autoriséiert, ouni prealabel Ufro, all d'Textdokumenter ze consultéieren, erofzelueden oder ze drécken.
Aner Inhalter
Souwäit net anescht uginn, ass d'Reproduktioun vun aneren Inhalter (Fotoen, Videoen, Audiofichieren, digital Animatiounen, Grafiken, asw.) ënner Angab vun der Quell autoriséiert.
Dës Inhalter däerfen op kee Fall fir Sue verkaaft oder verlount ginn.
All vollstänneg oder partiell Ännerung, Transformatioun oder Upassung vun de genannten Inhalter ass verbueden.
D'Benotzer, déi Inhalter vun dësem Site reproduzéieren, verflichte sech, dat am Respekt vun der Mënschewürd an der Persoun ze maachen.
Ausser mat ausdrécklecher Erlaabnis vum Editeur ass déi vollstänneg oder partiell Integratioun vum Portal gouvernement.lu an en anert Portal oder an eng Internetsäit verbueden.
D'Rechter, déi Iech uewen implizit oder explizit accordéiert goufen, stellen eng Benotzungsautorisatioun duer an op kee Fall en Oftriede vu Rechter, Proprietéit oder Anerem am Zesummenhang mat dësem SIte.
Ännerung vun den Allgemengen Notzungsbedéngungen
Déi gülteg Allgemeng Notzungsbedéngungen kënnen zu all Moment an ouni Ukënnegung geännert oder vervollstännegt ginn, ofhängeg vun den Ännerungen, déi um Site gemaach ginn, vun der Entwécklung vun der Legislatioun oder aus all anerem Grond, deen als néideg gesi gëtt. Et ass um Benotzer, fir sech iwwer déi allgemeng Notzungsbedéngungen um Site ze informéieren an hie soll sech bewosst sinn, datt just déi aktuell online Versioun als déi gëllt, déi a Kraaft ass. Et ka sinn, datt vun enger Visite um Site zu enger nächster déi besonnesch allgemeng Notzungsbedéngungen geännert hunn an et ass dann um Benotzer, fir déi lescht Ännerunge virun enger neier Visite um Site ze liesen.
Ze apllizéierend Gesetz a kompetent Geriichtsbarkeet
All Rechtssträit, dee mam Benotze vum Site a senge Servicer zesummenhänkt, ënnerläit dem Lëtzebuerger Recht a fält ënner d'exklusiv Kompetenz vun der Lëtzebuerger Geriichtsbarkeet.
Schutz vun de perséinlechen Donnéeën
Allgemenges
D'Donnéeë mat perséinlechem Charakter, déi de Benotzer matdeelt, gi konform zum "Règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil du 27 avril 2016 relatif à la protection des personnes physiques à l'égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation des données" verschafft.
Well de Lëtzebuerger Staat ausser, aus Sécherheetsgrënn, den IP-Adressen aus de Server-Loggen, keng perséinlech Donnéeë sammelt, brauch de Benotzer seng Zoustëmmung net ze ginn, éier en op dëse Site geet.
De Verantwortleche fir dës Beaarbechtung ass dat verantwortlecht Organ fir dëse Site.
De Benotzer ka Reklamatiounen, déi mam Dateschutz zesummenhänken an hie betreffen, iwwer déi respektiv Kommunikatiounskanäl schécken, déi zur Verfügung stinn, an un de Verantwortlechen, deen an dësem Fall dat verantwortlecht Organ vum Site ass. De Benotzer kann ausserdeem seng Reklamatioun beim Delegéierte fir de Schutz vun den Donnéeë vum Organ iwwer d'Mailadress: dataprotection@sip.etat.lu areechen. De Benotzer kann sech doriwwer eraus fir all Rechtssträit an deem Beräich un d'national Kommissioun fir den Dateschutz wenden (Commission nationale pour la protection des données, 15, Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux).
Kontaktformulaire vum Site
D'Informatiounen, déi Iech betreffen, an déi iwwer de Kontaktformulaire vum Site gesammelt ginn, gi vum betreffenden Organ beaarbecht, fir Är Demande kënnen ofzewéckelen.
Andeems Dir de Formulaire ausfëllt, akzeptéiert Dir, datt Är perséinlech Donnéeën am Kader vun Ärer Demande verschafft ginn. Dës Informatioune ginn esoulaang vun der Administratioun gespäichert, bis d'Demarchë ronderëm Är Demande ofgeschloss sinn.
Well et vun der Demande ofhänkt, wéi laang déi matgedeelt Donnéeë versuergt ginn, deelt d'Organ op Ufro, Fall fir Fall, dës Dauer oder d'Kritären, fir d'Dauer festzeleeën, mat.
Zougrëff op Är Donnéeën huet d'Organ, dat fir Är Demande zoustänneg ass. Wann Dir wëllt wëssen, u wien d'Donnéeë vun dësem Formulaire weidergeleet ginn, da went Iech w.e.g. un d'Organ, dat sech mat Ärer Demande befaasst.
Esou wéi et am Reglement (EU) 2016/679 iwwer d'"protection des personnes physiques à l'égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation de ces données" steet, hutt Dir d'Recht, Är gespäichert Donnéeë kucken ze goen, se ze verbesseren oder a bestëmmte Fäll och läschen ze loossen. Ausserdeem hutt Dir d'Recht, Är Awëllegung zu all Moment ze widderruffen.
Mat engem begrënnte Motiv a virausgesat, datt d'Beaarbechte vun Ären Donnéeë keen obligatoresche Charakter huet, kënnt Dir donieft och Widdersproch aleeën.
Wann Dir vun dëse Rechter wëllt Gebrauch maachen an/oder méi wëllt iwwer d'Verschaffe vun Ären Donnéeë gewuer ginn, dann adresséiert Iech w.e.g. un dat betreffend Organ, deem seng Kontaktdaten Dir um Formulaire fannt. Doriwwer eraus kënnt Dir och eng Reklamatioun bei der nationaler Kommissioun fir den Dateschutz areechen (Commission nationale pour la protection des données, 15, Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux).
Beaarbechte vun Date bei der Gestioun vun der Newsletter
D'Mailadress, déi Dir bei der Umeldung fir d'Newsletter-Abonnement op dësem Site uginn hutt, gëtt nëmmen aus Verdeelungszwecker fir d'Newsletter un en Zouliwwerer weiderginn, an dësem Fall d'Firma « Mailjet » mat Sëtz zu Paräis, a Frankräich, déi deeneselwechte gesetzleche Flichten ënnerläit, wat den Dateschutz mat perséinlechem Charakter ubelaangt. Fir de Mëssbrauch ze begrenzen, muss de Benotzer seng Aschreiwung validéieren, andeems en op e Link klickt, deen un d'Mailadress geschéckt gëtt, déi uginn ass.
De Benotzer kann d'Newsletter zu all Moment ofbestellen, entweder iwwer e Link, deen an all E-Mail steet, oder andeems en dat verantwortlecht Organ vum Site kontaktéiert. D'Donnéeë vum Benotzer ginn net méi laang gehal, wéi hie fir d'Newsletter ageschriwwen ass.
De Verantwortleche fir dëst Verschaffen ass dat verantwortlecht Organ fir dëse Site.
Beaarbechtung vun Date bei der Miessung vun Aschaltquoten
Gewëssen Donnéeën iwwer d' Material an d'Software vum Benotzer, mat deenen een hien net identifizéiert kritt, gi während senger Visite um ëffentleche Site gesammelt. Dës Sammlung huet als eenzegen Zweck, fir eng Heefegkeetsstatistik kënnen opzestellen (Browser-Typ, Opléisung, ongeféier Lokalisatioun, asw.), fir de Benotzer nach besser kënnen ze déngen.
Déi komplett IP-Adress vum Benotzer gëtt a kengem Fall versuergt. Well nëmmen en Deel vu der IP-Adress fir global Statistike versuergt gëtt, ass et a kengem Fall méiglech, fir de Benotzer ze identifizéieren.
Dës Donnéeë ginn an Europa, vun engem Zouliwwerer, versuergt an ënnerbruecht, an dësem Fall d'Firma Adobe Systems Inc., deen deeneselwechte gesetzleche Flichten ënnerläit, wat de perséinlechen Dateschutz ubelaangt, an dëst fir de Fall, wou esou Donnéeën an Zukunft sollte gesammelt ginn.
D'Donnéeë ginn net méi laang versuergt, wéi et Zäit brauch, fir d'Entwécklung vun den Aschaltquoten ze beobachten, wat ofhängeg ass vun der Entwécklung vun de Browseren, vun de benotzten Opléisungen a vun anere verfügbare statisteschen Donnéeën.
De Verantwortleche fir dës Beaarbechtung ass dat verantwortlecht Organ fir dëse Site.
Beaarbechtung vun Date bei online Ëmfroen
Donnéeë vun de Benotzer ginn, op fräiwëlleger Basis, reng zu Ëmfrozwecker fir d'staatlech Administratioune gesammelt. Ausserdeem ginn zu gläicher Zäit technesch Donnéeë fir d'Miessung vun Aschaltquote gesammelt.
D'Donnéeë ginn esoulaang gehal, wéi d'Ëmfro dauert, plus e puer Wochen, fir d'Resultater statistesch kënnen auszewäerten.
Dës Ëmfroe ginn direkt um Site vun engem Zouliwwerer gemaach, an dësem Fall surveygizmo, vun der Firma Widgix Limited, déi hire Sëtz an Amerika huet. D'Donnéeë ginn awer an Europa versuergt. Wat de perséinlechen Dateschutz ubelaangt, ënnerläit och déi lescht genannt Firma deeneselwechte gesetzleche Flichten, well d'Ëmfroe bestëmmt si fir Benotzer aus der Europäescher Unioun, an och do vun hinnen ausgeféiert ginn.
D'Prozedure fir d'Ëmsetze vun dësen Ëmfroe sinn esou ausgeriicht, datt keng Donnée et erlaabt, de Benotzer als Persoun kënnen ze identifizéieren. D'Kombinatioun vun Donnéeë vun techneschen Identifianten (IP-Adress oder Informatioun zum Browser oder zum Computer vum Benotzer), an/oder deene vu méi Ëmfroen, erlaabt et dem Zouliwwerer, deen d'Plattform bedreift, net, fir een ze identifizéieren.
De Verantwortleche fir d'Beaarbechte vun Daten an den Empfänger vun den Donnéeën ass dat verantwortlecht Organ vun dësem Site, dat d'Ëmfro ugefrot huet.
Präsenz an de sozialen Netzwierker
Moderatiounspolitik
All Benotzer, deen der Community gouvernement.lu op de sozialen Netzwierker bäitrëtt, verflicht sech, all Form vun Diskriminatioun a Bezuch op Rass, Hautfaarf, Relioun, Geschlecht, sexuell Orientéierung, Alter, Originnen, Behënnerung, Familljen- oder Beruffsstand z'ënnerloossen.
Beleidegungen a rassistesch, sexistesch oder beleidegend Äusserunge sinn op de sozialen Netzwierker z'ënnerloossen. Dës gi geläscht a gemellt. All kommerziell Inhalter ginn och geläscht.
Commentairen op de sozialen Netzwierker Facebook an Twitter gi vu Méindeg bis Freideg zu Büroszäite beäntwert. Ausserhalb vun dësen Auerzäiten, während Weekender a Feierdeeg gëtt keng permanent Verwaltung vun de Säite bedriwwen.
Sproochen
Op Twitter kommunizéiert den Editeur vum Portal, den Informatiouns- a Pressedéngscht (Service information et presse, SIP), haaptsächlech op Franséisch. Ofhängeg vun der Situatioun an der Zilgrupp kënnen Informatiounen och op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Englesch verëffentlecht ginn. Op der Twitter-Säit vun der Regierung verëffentlecht Informatioune kënnen eventuell op Websäite verweisen, déi net méisproocheg sinn. Wa méiglech ginn all d'Froen/Commentairë an der Sprooch vum jeeweilege Benotzer beäntwert.
Op Facebook kommunizéiert den SIP haaptsächlech op Lëtzebuergesch. Ofhängeg vun der Zilgrupp oder der Natur vun den Informatioune kënnen dës och op Franséisch, Däitsch oder Englesch verëffentlecht ginn. Op der Facebook-Säit vun der Regierung verëffentlecht Informatioune kënnen eventuell op Websäite verweisen, déi net méisproocheg sinn. Wa méiglech ginn all d'Froen/Commentairë an der Sprooch vum jeeweilege Benotzer beäntwert.