De Ministère

Aktivitéitsberäicher vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul

Den Ministère fir Fuerschung an Héichschoul ass verantwortlech fir d'Organisatioun vun der Héichschoullandschaft zu Lëtzebuerg. An dësem Kontext huet hien d'Tutelle iwwer d'Uni Lëtzebuerg an en ass zoustänneg fir d'Akkreditatioun souwuel vun de BTS-Programmer (brevet de technicien supérieur) wéi vun den auslänneschen Héichschoulinstitutiounen, déi sech zu Lëtzebuerg niddergelooss hunn, an de Programmer, déi dës Institutiounen ubidden.

Am Beräich vun den Héichschoulstudien accordéiert den MESR d'Studiëbäihëllefe vum Staat an och gewëssen international Bourssen. Ausserdeem bitt den MESR fir all Froen, déi mat Héichschoulstudien ze dinn hunn, en Informatiounsservice fir d'Studenten un.

Den MESR ass zoustänneg fir déi akademesch a professionell Unerkennung vun auslänneschen Héichschoultitelen a –qualifikatiounen. Déi akademesch Unerkennung geschitt duerch d'Aschreiwe vum concernéierten Titel oder Diplom an de Register vun den Héichschoultitelen. Déi professionell Unerkennung vu Beruffsqualifikatiounen ass néideg fir den Zougang zu engem reglementéierte Beruff. An dësem Beräich assuréiert den MESR och d'Koordinatioun wat d'Direktiv 2005/36/CE iwwer d'Unerkennung vun de Beruffsqualifikatiounen ubelaangt an en huet d'Funktioun vun engem nationalen Assistenzzenter.

Déi national Politik am Beräich vun der ëffentlecher Fuerschung gëtt vum MESR definéiert, koordinéiert an ëmgesat.

Den MESR ass de Ministère de Tutelle vu folgenden Institutiounen :

Den MESR subventionéiert d'Fondatioun vum Max Planck Institut Lëtzebuerg, en ass Member vum GIE Luxinnovation, an en ass un der Fondatioun RESTENA bedeelegt.

Ausserdeem mécht den MESR de Suivi wat déi europäesch an international Héichschoul- a Fuerschungspolitik ubelaangt.

Am Héichschoulberäich ass en a verschiddene Gruppen a Reseauë vertrueden, besonnesch wat d'Ëmsetze vum strategesche Kader vun der Europäescher Unioun "Educatioun a Formatioun 2020", de Suivi vum Bolognaprozess an d'akademesch Unerkennung vun den auslänneschen Héichschoultitelen an -diplomer ubelaangt.

Den MESR representéiert Lëtzebuerg am Rot "Competitivitéit" vun der Europäescher Unioun, a verschiddene Conseilen a Comitéë vum Europäesche Fuerschungsraum, sou wéi och an europäesche Programmcomitéen, besonnesch vum Kaderprogramm vun der EU fir Fuerschung an technologesch Entwécklung „Horizon 2020“.

Um internationalen Niveau ass den MESR an internationalen Organisatioune wéi der OECD an der UNESCO vertrueden. E vertrëtt och Lëtzebuerg am Héije Rot vum Europäeschen Héichschoulinstitut vu Florenz souwéi an der intergouvernementaler Organisatioun "Europäesche Laboratoire fir Molekularbiologie".

Aktualiséiert