François Biltgen au sujet de sa rencontre avec le commissaire László Andor et des aides financières de l'État pour études supérieures

Max Theis: Här Biltgen, wéi schwiereg waren déi Gespréicher da gëschter?

François Biltgen: Aneschters wéi Dir virdrun ugekënnegt hutt, ass et net héich hiergaangen. Mir hunn 2 Stonne mateneen diskutéiert.

Natierlech, et sinn aner Ausgangsbasisen. De Sozialkommissär Andor gesäit eist Gesetz nëmmen als Sozialtransfertgesetz, währenddem mir eist Gesetz als eegestännegt a wichtegt Mëttel vun eiser Héichschoulpolitik gesinn.

An an deem Sënn hoffe mir, datt de Kommissär an herno d'Kommissioun, well de Ball läit jo bei der gesamter Kommissioun, net beim Kommissär alleng, 3 Messagë verstanen huet, déi mir gëschter matginn hunn.

Den éischte Message ass deen, datt et 2010net war, datt mir gesot hunn, mir sträichen d'Kannergeld, an op där anerer Säit kréien dann d'Résidenten déi selwecht Zomm ënner Form vu Studiëbäihëllefen. Well déi Residenzklausel déi mir hunn, déi hate mir och schonn 2005. An obwuel d'Kommissioun eis ëmmer Bréiwer geschéckt huet, wat un eisem Gesetz vun 2005 misst geännert ginn, huet si ni d'Residenzklausel deemools a Fro gestallt. Et gëtt och keng eendeiteg Jurisprudenz an deem Sënn, och wann d'Kommissioun bereet ass esou eng sichen ze goen.

Zweete Message war deen, datt mir dann, wa mir wëllen eppes änneren zu Lëtzebuerg, awer musse kucken, wéi ass den Héichschoulsystem an Europa? Well den Héichschoulsystem ass ëmmer en nationalen, oder bal ëmmer en nationalen. An deene meeschte Länner kritt een nëmme Studiëbäihëllefe wann een do wunnt an et kritt ee se dann och nëmme wann een och do studéiert, an deem Land wou ee wunnt. Mir sinn eent vun deene wéinege Länner wou ee kann eraus déi Studiëbäihëllefe mathuelen.

An do hu mir den drëtte Message dee wichteg war, och dem Kommissär erkläert, datt eisen Héichschoulsystem eben op déi Mobilitéit opgebaut ass. Aner kleng Länner an Europa, wéi Island, wéi Malta, déi hunn eng voll Universitéit opgebaut. Woufir? Et waren Inselen, d'Leit konnten net esou mobil sinn. Mir hu vun der Mobilitéit gelieft.

Wann also eise System fält, esou wéi en ass, an net nëmmen zanter dem Gesetz vun 2010, well dat ass eng Erkenntnis déi, mengen ech, dem Här Andor net esou bewosst war – hien hat gemengt, mir kéinten einfach d'Gesetz zréckzéien, da wär et gedoen – mä mir hunn eise System zanter Joerzéngten an do kënne mir net einfach d'Residenzklausel ewechfale loossen.

An dofir, de leschten, mengen ech, positiven Androck deen ech awer hat, dat ass, datt d'Kommissioun net méi drop pocht, datt mir elo einfach just d'Residenzklausel sträichen, mä datt si bereet ass, an dat ass wichteg, och an Zukunft, am Laf vun der virgeschriwwener Prozedur mat eis ze diskutéieren, ob mir net eng Léisung fannen, wou mir ouni Residenzklausel eventuell awer dat selwecht Zil kënnen erreechen. Nämlech ze kucken, datt mir méi Heichschoulabsolvente kréien zu Lëtzebuerg.

Mir brauchen Immigratioun, mir brauche Grenzgänger, well mir zu Lëtzebuerg net genuch Leit mat Héichschouldiplom hunn. Dofir ass dee System fir eis esou wichteg. D'Kommissioun selwer seet, Dir musst 40% vun deene Jonken hunn. Zur Zäit hu mir nëmmen 28%, den Aarbechtsmaart verlaangt 50% Héichschoulofgänger.

Ech mengen, datt dat awer Messagë sinn, wou mir hoffen, datt si duerchkomm sinn, och wa juristesch d'Kommissioun wahrscheinlech wäert op hirer Positioun beharren; datt mir awer och vläicht an Zukunft kënne weider diskutéieren, an datt ech net fir d'lescht beim Här Andor war fir ze kucken, ob een eng Solutioun fënnt, déi ech zur Zäit awer net gesinn.

Max Theis: Dir sot, en anere System ouni Residenzklausel. Wéi kéint deen dann ausgesinn?

François Biltgen: Ma dee gesinn ech net, an dat war ee Message dee mir der Kommissioun ginn hunn, fir ze soen, pocht elo net einfach drop, datt mir d'Residenzklausel sträichen. Da sicht mat eis en anere System, dee kéint dat selwecht Resultat hunn.

Ech gesinn en zur Zäit net, an et ass dofir wou mir och gesot hunn, datt mir absolut bereet si mat der Kommissioun eng negociéiert Solutioun ze fannen, eng politesch Solutioun ze fannen, wou dann déi zwou Säite sech géifen erëmfannen; datt natierlech, wa mir déi net kéinte fannen, datt mir et da missten op e Geriichtsuerteel ukomme loossen. Wat ni déi beschte Solutioun ass, mä wat mir awer kéinte mat gudde juristesche wéi politeschen Argumenter ugoen, well et jo och hei ëm Héichschoulpolitik geet an Europa, well et ëm de Bologna-Prozess geet, zu deem mir konform sinn.

Max Theis: Wéi geet et dann elo weider? Wat ass den nächste Schrëtt vun der Kommissioun?

François Biltgen: De Ball läit elo bei der Kommissioun, wéi beim Här Andor. Ech ginn dovun aus, datt den Här Andor d'Kommissioun freet, fir eis eng esou genannte “Mise en demeure�? ze maachen. Dat ass dann e Bréif, wou si nach eng Kier hir Argumenter juristesch soen. Da si mir an enger offizieller Prozedur dran, déi kann, awer net muss, zu enger Aktioun virum Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg féieren.

Wann déi do ass, da wäerte mir selbstverständlech weider a Pourparleren trieden, an dat war e bëssen dat, wat ech ka soen, positiivt Gefill vu gëschter, datt awer och den Här Andor a seng Leit bereet sinn am Laf vun där doter Prozedur net mam Kapp duerch d'Mauer ze goen an onbedéngt eis och widder déi selwecht ze drécken, mä effektiv mat eis ze kucken, ginn et aner Solutiounen oder net.

Nach eng Kéier, mir mengen, datt mir gutt juristesch Argumenter hunn. Mir si selbstverständlech bereet, wéi mir och an der Vergaangenheet ëmmer gemaach hunn, mat der Kommissioun Solutiounen ze fannen. Et ass keng gutt Situatioun, wann ee virun engem Geriichtshaff hänkt, wat jo och Joeren dauert, bis datt dee geschwat huet.

Dofir nach eng Kéier, mir bleiwe gespréichsbereet, mä et ass extrem wichteg, datt mir kënnen deen Héichschoulsystem halen dee mir hunn. A wéi gesot, nach eng Kéier, mir hunn net genuch Héichschoulabsolventen zu Lëtzebuerg. Dat heiten ass net dat eenzegt Element an där Politik, mä et ass awer e wichtegt Element an där doter Politik.

Max Theis: Ganz kuerz nach, de Fall gesat, et géif een d'Residenzklausel am aktuelle Gesetz fale loossen, dann ass jo de System u sech net méi finanzéierbar. E géif och aner Diskriminatiounen opmaachen: e Belsch géif dann eng lëtzebuergesch Bourse kréien, kéint eventuell eng belsch Bourse kréien an nach belscht Kannergeld dobäi?

François Biltgen: Jo, ech ginn Iech d'Beispill: de belsche Student vun Arel, dee géif lëtzebuerger Hëllefe kréien, e kéint eventuell och Familljegeld kréien an der Belsch, respektiv eng Bourse kréien an der Belsch. Dat kënne mir net einfach ouni Accord esou him ofhalen. An e kéint zum Beispill dann an der Belsch Kiné studéieren, währenddem de Belsch vu Stengefort nëmme seng lëtzebuerger Hëllefe géif kréien. Dee kéint zum Beispill net an der Belsch Kiné studéieren, well et jo do Zougangsbeschränkunge ginn.

Well, och an der Belsch, wéi an deene meeschte Länner, den Héichschoulsystem en nationalen ass, deen op der Residenz opbaut.

Dat ass och een Element wat mir gëschter gesot hunn. Da kucke mir iwwerhaapt wéi d'Héichschoulsystemer sinn. Mir kënnen net hei elo Diskriminatiounen a Kaf huele fir Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen, egal wat hir Nationalitéit ass.

Max Theis: Gutt, Här Biltgen, mir halen deen doten Dossier am A. Dir bestëmmt, an Dir wäert eis dann och au courant halen. Merci, datt Dir de Moien Zäit hat fir heihinner ze kommen.

François Biltgen: Merci och.

Dernière mise à jour